Gegrënnt am Joer 1988, ass d ‘Luxembourg Air Rescue haut mat iwwer 180.000 Memberen déi gréissten A.s.b.l. zu Lëtzebuerg. Een Team vun iwwer 190 héichqualifizéierten Mataarbechter, 6 Rettungshelikopteren a 5 Ambulanz Fligeren erméiglechen eis Dag fir Dag, Liewen ze retten. Joerelaang Erfahrung, baséierend op méi wéi 3.000 Missiounen am Joer hunn d ‘Luxembourg Air Rescue zu engem vun de weltwäite Leaderen um Gebitt vun der Loft Rettung an dem medizineschen Rapatriement gemaach.
Mir sichen Ënnerstëtzung an fir eist Marketing Departement. Dir sidd kreativ, kënnt gutt mat Wieder a Biller jongléieren? Dir sidd gutt organiséiert, an Zuelen maachen Iech keng Angscht? Dir kënnt gutt mat Mënschen ëmgoen, an hutt excellent Manéieren?
Da Siche Mir Genau Iech, Als
Marketing & PR Koordinator (m/w)
40 Stonne pro Woch am CDI
Är Roll
Ënnerstëtzung vun der Equipe Marketing & PR:
Wann Dir interesséiert sidd, da schéckt Äre Kandidatur mat enger rezenter Foto w.e.g.
Mir sichen Ënnerstëtzung an fir eist Marketing Departement. Dir sidd kreativ, kënnt gutt mat Wieder a Biller jongléieren? Dir sidd gutt organiséiert, an Zuelen maachen Iech keng Angscht? Dir kënnt gutt mat Mënschen ëmgoen, an hutt excellent Manéieren?
Da Siche Mir Genau Iech, Als
Marketing & PR Koordinator (m/w)
40 Stonne pro Woch am CDI
Är Roll
Ënnerstëtzung vun der Equipe Marketing & PR:
- Acquisitioun a Betreiung vun eise Corporate Memberen.
- Promotioun vun den Aktivitéiten fir déi verschidde Zilgruppen vun der Luxembourg Air Rescue (LAR) an der Fondation Luxembourg Air Rescue (FLAR).
- Ënnerstëtzung beim Ausschaffen, Korrekturliesen an Iwwersetzung vu Contenu fir Radio, Tëlee, Social Media an och Print Medien.
- Ausschaffen vum Medie Plang, Entwécklung vun Promotiounen an Zesummenaarbecht mat Marketing Spezialisten.
- Support bei der Organisatioun vu Foiren an Evenementer zu Lëtzebuerg souwéi an der Groussregioun.
- Organisatioun an Duerchféieren vun Visitten an den LAR-Raimlechkeeten .
- Gestioun vum Budget.
- Gestioun a Kontroll vun Offeren an Rechnungen.
-
Duerchféieren vun externen LAR-Präsentatiounen.
- Dir hutt en Diplom am Marketing, Kommunikatioun oder engem änleche Beräich (Bac +2) an eng Beruffserfarung vu mindestens 3 Joer, an enger änlecher Funktioun.
- Dir hutt fléissend Sprooch Kenntnisser, geschriwwe wéi och geschwat, an den offiziellen Sproochen vun Lëtzebuerg an och am Engleschen.
-
Dir kënnt gutt mat de gängege Computer Programmer ëmgoen.
- Selbstänneg, responsabel, organiséiert an konzentréiert
- Flexibilitéit an Dynamik, wéi och Teamgeescht
- Diskretioun a Loyalitéit sinn Iech wichteg
-
Den Ëmgang mat Mënschen aus verschiddenen Beräicher a Kulturen fält Iech liicht
- Modern a spannend Aufgaben an engem engagéierten Team
- Professionellt a multikulturellt Ëmfeld
- Méiglechkeet fir Weiderbildung an perséinlech Entwécklung
-
Attraktiv Sozialleeschtungen a kollegial Zesummenaarbecht
Wann Dir interesséiert sidd, da schéckt Äre Kandidatur mat enger rezenter Foto w.e.g.
Signaler l'offre