D’ APEMH sicht fir hire Service social, deen sech em d’Orientatioun an déi sozial Begleedung vu Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung këmmert, een Assistant social (w/m/x) fir de Beräich vun den Ateliers d’inclusion professionnelle, fir een CDI – 40 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch.
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Responsabilitéiten
Als Uspriechpartner fir Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hire Familljen an den Ausbildungs- a Schaffstrukturen vun der APEMH huet den Assistant Social follgend Aufgaben:
all nei Ufroe fir d’Ausbildungs- a Schaffstrukturen vun der APEMH ze analyséieren
d’Bedierfnisser an d’Ressourcë vun der Persoun ze evaluéieren an eng Aarbechtsorientatioun ze proposéieren
eng Begleedung bei all administrativen a soziale Froen unzebidden
eng sozial Begleedung ze proposéieren
D’Organisatioun a Suivi vun de Schoulstagen
D‘Ëmsetzung vum beruffleche Projet, an Zesummenaarbecht mam concernéierte Chargé de Direction, begleeden
Obligatoresch Ufuerderungen
D'Kandidate sollen:
am Besetz vun engem zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Assistant social sinn an iwwert eng „Autorisation d’exercer” verfügen.
iwwert staark Fäegkeeten an der Kommunikatioun verfügen a Gespréichstechniken kennen
iwwert Analysfäegkeeten verfügen
staarken Teamgeescht an Adaptatiounsfäegkeet hunn
flexibel, autonom an organiséiert sinn
di lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen. Kenntnisser am Portugiseschen si vu Virdeel
exzellent schrëftlech Kommunikatioun op däitsch a franséisch hunn
de Führerschäi Klass B hunn
Wënschenswäert Ufuerderungen
Gutt Kenntnisser iwwert déi aktuell Sozial Legislatioun am Secteur „Handicap” ass vu Virdeel.
Mir bidden
attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vu Persoune mat enger Beanträchtegung.
Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch French German Educatioun Bachelor Beruffserfarung 2+ years