arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.
Mir sichen en engagéierte pädagogesche Mataarbechter (M/W/NB), de Loscht huet, Kanner an hirem Alldag ze begleeden. Eis häerzlech a villfälteg Ekipp gestalten een ofwiesslungsräicht non-formalt Bildungsangebot fir Kanner, a verschidde Funktiounsberäicher nom Konzept "Welt-Atelier".
Responsabilitéiten
Mir siche fir d'Maison Relais Dikrech: Educateur diplômé/Agent sociopédagogique (DAP) (M/W/NB) - 30 Stonnen/Woch CDI
Responsabilitéiten:
Du empfänks a begleeds d’Kanner
Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinn
Du ënnerstëtz d’Kand a senger individueller Entwécklung
Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren
Obligatoresch Ufuerderungen
Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom
Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten
Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesh schwätzen (minimum B2)
Mir bidden
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Mir freeën eis iwwer all perséinlech Kompetenz an Interessi, déis Du mat an d’Ekipp erabréngt !
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)