Marketing & Partnership Koordinator

Luxembourg Air Rescue
Temps plein
il y a 4 semaines
Description

Gegrënnt am Joer 1988, ass d ‘Luxembourg Air Rescue haut mat iwwer 180.000 Memberen déi gréissten A.s.b.l. zu Lëtzebuerg. Een Team vun iwwer 190 héichqualifizéierten Mataarbechter, 6 Rettungshelikopteren a 5 Ambulanz Fligeren erméiglechen eis Dag fir Dag, Liewen ze retten. Joerelaang Erfahrung, baséierend op méi wéi 3.000 Missiounen am Joer hunn d ‘Luxembourg Air Rescue zu engem vun de weltwäite Leaderen um Gebitt vun der Loft Rettung an dem medizineschen Rapatriement gemaach.


Dir hutt Talent fir Kommunikatioun a Verkaf – awer keng klassesch Marketing-Ausbildung? Perfekt! Mir sichen eng Persoun mat Begeeschterung, Iwwerzeegungskraaft a Mënschekenntnis, déi eis Missioun mat Energie no baussen dréit. Mir hunn eng fräi Positioun als


Marketing & Partnership Koordinator (m/w)

40 Stonne pro Woch am CDI


Är Aufgab:

  • Dir gewannt nei Partner a Memberen fir eis Organisatioun
  • Dir bréngt eis Missioun ënner d’ Leit – iwwer Eventer, Medien a Social Media
  • Dir hëlleft bei der Organisatioun
  • Dir schreift oder verbessert Texter fir Broschüren, Posts oder Radiospot
  • Dir schafft enk zesummen mat engem kreativen Team a Marketing-Profien
  • Dir maacht och administrative Aarbechten wéi zum Beispill Matschaffen bei d’Gestioun vum Budget, Offeren a Rechnungen


Äre Profil :

  • Dir hutt Erfarung am Verkaf, Event Management, Medien oder engem anere kommunikativen oder kreativen Beräich

  • Dir sidd eng natierlech kommunikativ Persoun – viru Leit an och um Telefon

  • Dir hutt fléissend Sprooch Kenntnisser, geschriwwe wéi och geschwat, an den offiziellen Sproochen vun Lëtzebuerg an och am Engleschen.

  • Dir kënnt gutt mat de gängege Computer Programmer ëmgoen.


Äre Qualitéiten :

  • Selbstänneg, responsabel, organiséiert an konzentréiert

  • Flexibilitéit an Dynamik, wéi och groussen Teamgeescht

  • Diskretioun a Loyalitéit sinn Iech wichteg

  • Den Ëmgang mat Mënschen aus verschiddenen Beräicher a Kulturen fält Iech liicht


Mir bidden :

  • Modern a spannend Aufgaben an engem engagéierten Team

  • Professionellt a multikulturellt Ëmfeld

  • Méiglechkeet fir Weiderbildung an perséinlech Entwécklung

  • Attraktiv Sozialleeschtungen a kollegial Zesummenaarbecht


Bei Astellung verlaangen mir en Auszoch aus dem Strof Regëster (Extrait Casier Judiciaire).


Wann Dir interesséiert sidd, da schéckt Äre Kandidatur mat enger rezenter Foto w.e.g. Mir freeë eis op Är Kandidatur!

Postuler
Autres offres d'emploi recommandées:

Marketing & PR Koordinator

Luxembourg Air Rescue / Luxembourg Air Services
Canton Luxembourg
Joerelaang Erfahrung, baséierend op méi wéi 3.000 Missiounen am Joer hunn d ‘Luxembourg Air Rescue zu engem vun de weltwäite...
il y a 4 semaines

Marketing & Communications Coordinator (m/f/d)

PwC
Luxembourg
  • Build strong relationships with the practice you work with...
  • Assist in the development, execution and assessment of...
il y a 4 jours

Business Development and Marketing Intern (6 months starting September 2025)

Clifford Chance
Luxembourg
  • Assist with the update and contribute to the development of...
  • Contribute to the update of our internal communication tools...
il y a 1 semaine

Analyst - Product Marketing (f/m/d)

Deutsche Börse
Luxembourg
You will be part of the Product Marketing Unit within the Strategy, Governance and Performance Controlling area As Marketing...
il y a 1 semaine

Marketing Specialist (Fixed Term Contract)

Vodafone
Luxembourg
  • Develop Marketing Materials: You will create and enhance...
  • Execute Campaigns: You will support the implementation of...
il y a 1 semaine