D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir Bäckerei -Biscuiterie an Lampecher Buttek, sicht APEMH een Bäcker-Pâtissier mat CATP (w/m/x) – CDI, 40 Stonnen/Woch, fir direkt oder no Ofsprooch.
Als Équipe suerg dir dofir, dass eisen Buttek attraktiv an flott fir eise Client ass, an mir dem Client jidderzäit e gudde Produit bidden
Profil vum Bäcker-Pâtissier :
Dir sidd zoustänneg fir d ‘Produktioun vun Brout, Bréidercher, Kichelcher, Petits-fours, Kuchen an Taarten etc...Dir huet Erfarung am Kontroll a Suivi vun den Stocken an de Commanden
Dir kennt HACCP Regelen an hier Ëmsetzung an enger Bäckerei
Dir sidd bereet, och an der Vente mat ze schaffen
Dir sidd frëndlech an opmierksam vis à vis vum Client
Dir betreit eng Équipe vun Mataarbechter mat enger Beanträchtegung
Dir schafft an Schichten vun Méindes bis Samschdes tëschen 6.00 Auer an 18.30 Auer
Obligatoresch Ufuerderungen:
Dir verfügt iwwert BeruffserfahrungDir huet een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom
Dir sidd motivéiert an schafft gären an enger Équipe
Dir schwätzt Lëtzebuergesch, an entweder Däitsch oder Franséisch
Dir huet den Führerschäin B
Mir bidden:
attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.