Avertissement: Cette offre d'emploi n'est plus active. Les informations ci-dessous peuvent ne plus être à jour.

een Assistante sociale fir eis "Centre Ressource Parentalité" (w/m/x)

APEMH
Luxembourg
6 juin 2025
Beschreiwung

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hire « Centre Ressource Parentalité » - een Assistante sociale (w/m/x) fir ee CDI - 20 oder 40 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch.


Wann den Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif, ...).


Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.


Är Missiounen a Responsabilitéiten


Är Missioun besteet an:


  • der Begleedung an am Suivi vun der Elterenschaft vun Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung,

  • Situatioune vu Kannerwonsch, vu Schwangerschaft, an vun Elternschaft begleeden, notamment duerch ambulant Betreiung bei de Persounen heem,

  • d'Familjen informéiren an begleeden an hiren admnistrativen Démarchen, hinnen den Zougang zu hiren Rechter erméiglechen, an si je no Besoin weider orientéiren,

  • an enger pluridisziplinärer Ekipp kollaboréiren an Sensibiliséirungs- an Préventiounsworkshops implémentéiren,

  • deelhuelen un der Identifikatioun vu vulnerabel- oder Risikosituatiounen fir d'Kand an Agreifen am Virfeld fir de Kannerschutz.


Äre Profil

  • am Besetz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom (+ Autorisation d'exercer) sinn

  • iwwert Beruffserfarung verfügen am Beräich Protection vum Kannner

  • iwwert unerkannte Fäegkeeten a Kommunikatioun, Nolauschteren, Dialog a Gestioun vu Projete verfügen

  • iwwert Flexibilitéit, Motivatioun, Organisatioun, Eegeninitiativ an Ekippegeescht verfügen

  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen

  • de Führerschäin Klass B hunn


Mir biden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.

  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.


Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch French German Educatioun Master Beruffserfarung 2+ years
Postuler
Autres offres d'emploi recommandées:

een diploméierten oder graduéierten Erzéier (w/m/x) - service SCAF Süden

APEMH
Luxembourg
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Service SCAF...
il y a 3 semaines

Een diploméierten Erzéier (w/m/x) - Atelieren (Kicheberaich)

APEMH
Luxembourg
  • Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen...
  • iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen...
il y a 3 semaines

een diploméierten oder graduéierten Erzéier (w/m/x) - service SCAF Norden

APEMH
Luxembourg
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Service SCAF...
il y a 3 semaines